Nei

Soft Launch vu Paytix Discovery

Mir lancéieren Paytix Discovery mat engem Soft Launch – eis nei Eventplattform.

Soft Launch vu Paytix Discovery
Lues awer sécher ass et esou wäit: Paytix Discovery vervollstännegt sech!
Op paytix.lu solle mëttelfristeg all d'Events zu Lëtzebuerg ze fannen sinn an doduerch méi Räichwäit kréien. Privat Benotzer kënnen dann ëmmer gesinn, wéi eng Events stattfannen an hir Fräizäit plangen.
Paytix Discovery ersetzt elo eis viregt Website, wou mir schonn all d'Events mat Ticketverkaf iwwer Paytix publizéiert hunn. Benotzer ginn elo also op Discovery weidergeleet, wou si den neien Design vum Shop gesinn.
D'Plattform riicht sech un all Organisateuren, och un déi, déi Paytix Ticketing net notzen. Béid Produkter kënne separat benotzt ginn, mir recommandéieren awer, se ze kombinéieren, fir dat bestméiglecht Benotzererliefnis ze bidden.

Bis Paytix Discovery komplett ass, bleiwe mir am Soft Launch.
More to come.
All Updates