Nei
Den Organisateur-Dashboard V3 ass do!
Eise gréissten Update bis elo. En neien Design fir eng besser Benotzerfrëndlechkeet a vill nei Features.

Mir hunn intensiv u Verbesserungen geschafft a sinn houfreg, eise komplett neien Organisateurr-Dashboard virzestellen.
All UpdatesDen Dashboard V3 konzentréiert sech op Intuitivitéit: een neien Iwwerbléck iwwer all Konten fir eng einfach Orientéierung an en nei organiséierten Layout vun de Features fir eng méi flesseg Aarbecht.
Nei Features, déi mat V3 agefouert ginn:
- Eng guidéiert Tour, déi all Features ënner "FAQ & Help" erkläert (méi iwwer d'Tour hei)
- Stripe Connect: vereinfachten Onboarding fir nei Organisateure, automatescht Ofzéihen vun der Paytix-Gebühr, a Gestioun vun ärem Stripe-Kont direkt op Paytix. (Méi iwwer Stripe Connect hei)
- Paytix Discovery (Méi iwwer Paytix Discovery hei)
- Clienten-Profiler, fir datt s Du gesäis, wien Déng treisten Ticketskeefer sinn! (Méi iwwer Clienten-Profiler hei)
- Intégratiounen: Meta Pixel, TikTok Pixel an Echo.lu. (Méi iwwer Intégratiounen hei)
- Détailléiert Statistike fir all Zuelen- an Daten-Fans. (Méi iwwer Statistiken hei)
- Checklëschten a rezent Ännerungen ukucken. (Méi hei)
- Apple & Google Pay + Wallet, plus en neien Design fir PDF-Ticketen. (Méi hei)
- Är Ticket-Mail upassen. (Méi hei)
- Waardelëscht ier de Verkaf ufänkt. (Méi hei)
- Froen un d'Clienten beim Ticketskaf stellen. (Méi hei)
...an nach vill méi kleng Upassungen, fir Déng Erfahrung mat Paytix weider ze verbesseren.
Mir freeën eis ëmmer iwwer Feedback an Virschléi zu eiser Software, a mir wëlle jidderengem Merci soen, deen sech scho bei eis gemellt huet an eis op deem Wee gehollef huet!
Entdeckt dat neit Dashboard: my.paytix.lu/login