Nei

Meta & TikTok Pixel + Echo.lu API

Erweider Däi Paytix-Kont mat Integratiounen.

Meta & TikTok Pixel + Echo.lu API
Ab elo kanns Du Däi Meta Pixel, TikTok Pixel an Däin Echo.lu-Kont direkt mat Déngem Kont op Paytix verbannen. Dofir brauchs Du just déi jeeweileg Pixel-ID, respektiv den API-Schlëssel aus Déngem Echo.lu-Kont, ënner Account Overview -> Integrations ze hannerleeën.
1.Wat mécht de Pixel?
De Pixel ass e klengt Stéck Code vu Meta (Facebook & Instagram) respektiv TikTok. E registréiert, wat d'Visiteuren op Dénger Ticketsäit maachen: ob si d'Event ukucken, Ticketen an de Kuerf leeën oder e Kaf ofschléissen. Dës Informatioune fléisse zeréck an Däi Reklammekont.
Wat bréngt Dir dat?
  • Succès moossen: Du gesäis genee, wéi vill Ticketsverkeef vun Déngen Instagram-, Facebook- oder TikTok-Reklamme kommen, amplaz just Klicks a Räichwäit.
  • Reklammebudget besser asetzen: D'Plattforme léieren, wéi eng Persounen tatsächlech Tickete kafen, a weisen Déng Reklamme geziilt änleche Leit. Dat reduzéiertDéng Käschte pro verkaaftem Ticket.
  • Retargeting: Erreech Leit nach eng Kéier, déi sech Däin Event ugekuckt, awer nach keen Ticket kaf hunn, zum Beispill mat enger Erënnerung kuerz virum Ausverkaf.
  • Lookalike Audiences: Erstell op Basis vun Dénge bisherege Keefer nei Zilgruppen a fann esou méi Leit, déi zu Déngem Event passen.

2. Wat bréngt Dir d'API vun Echo.lu?
Echo.lu ass en Eventkalenner vun der Luxembourgticket GIE an enthält onzieleg Events zu Lëtzebuerg.
Wat bréngt Dir dat?
Verbann d'API vun Echo.lu, fir Däin op Paytix erstalltent Event automatesch op Echo.lu ze publizéieren. Esou spuers Du Dir d'Méi, en Event zweemol anzedroen.
D'Pixel-Integratiounen an d'Echo.lu-API (nëmme fir Events zu Lëtzebuerg) sinn ab elo fir all Organisateuren op Paytix disponibel.
All Updates