Nei
Apple & Google Pay + Wallet-Ticketen
Méi séier bezuelen, Ticketen direkt am Wallet späicheren an en neien Design fir PDF-Ticketen.

Zënter kuerzem kënnen Déng Clienten hir Ticketen op Paytix mat Apple Pay a Google Pay bezuelen. Domat bidde mir elo och déi gängegst a modernst Bezuelmethoden un a verbesseren d’Kaferliefnis vun Dénge Clienten.
All UpdatesOch nom Ticketskaf gëtt et méi einfach: Tickete loosse sech elo direkt am Apple Wallet oder Google Wallet späicheren. Esou hunn Déng Gäscht hiren Ticket ëmmer grëffbereet op hirem Smartphone, ouni an hiren E-Maile sichen ze mussen.
D’E-Maile mat de PDF-Tickete bleiwen awer natierlech erhalen. Hei hu mir just den Ticketdesign ugepasst, deen elo am selwechte Look wéi am Apple Wallet erschéngt, halt just am drockbare PDF-Format.
Fir et méi einfach ze maachen, muss Du den Ticketsdesign nëmmen eng Kéier konfiguréieren, an dee gëtt dann automatesch fir déi dräi uewe genannte Varianten iwwerholl.
All d’Neierunge sinn ab elo fir all Organisateuren op Paytix disponibel.