Iwwer eis

Iwwer paytix

paytix ass aus engem lëtzebuergesche Klischee entstanen, dee seet, datt hei näischt lass ass an et sténklangweileg ass.

Nodeems mir eis méi intensiv mat dësem Problem beschäftegt haten, stoung fir eis fest, datt de Problem eigentlech en aneren ass: Et gëtt vill Events, just weess dat quasi keen. Sou ass séier de Wonsch no enger Plattform fir all Fräizäitevents vun all Zort zu Lëtzebuerg entstanen. D’Resultat: paytix!

paytix zeechent sech awer duerch méi aus wéi just dat. Eis Firma funktionéiert nom Prinzip „Happy Customer, happy us“.

paytix ass konzipéiert, fir Cliente beim Organiséieren a Manage vun Events bestméiglech ze hëllefen, respektiv fir de Leit déi vill Events méi no ze bréngen. Dofir probéiere mir, intuitiv Software ze bauen, déi jiddereen ouni Startschwieregkeeten notze kann. De reegelméissegen Austausch mat eise Clienten ass d’Basis vun eiser Aarbecht a gëtt eis d’Méiglechkeet, hir Wënsch ze verstoen a passgenau ëmzesetzen.

Doriwwer eraus ass et eis wichteg, eis Servicer zu engem faire Präiss unzebidden. Méi niddreg Käschte si souwuel fir Organisateure wéi och fir Ticketskeefer nëmme vu Virdeel.

Eist Zil ass et net (a wäert et och ni sinn), maximale Profit ze maachen. Eist Zil ass et, de maximale Notze fir eis Clienten an hir Clienten z’erreechen. De Rescht ergëtt sech jo bekanntlech vu selwer, wéi een esou schéi seet …

Schléiss Dech eis un a gëff Deel vun der Zukunft. Mir freeën eis op Dech.

Luc, Lucas & Dominiquepaytix-Grënner